Am Norde vum LandAweiung vum neie Site vun der SNCA um Fridhaff

Jean-Marc Sturm
Serge Pauly
Et huet ëmmer nees fir Gespréich gesuergt bis bei parlamentaresch Froen: D'Plënnere vun der SNCA an der SNCT fort vu Wëlwerwolz.
Aweiung vum neie Site vun der SNCA um Fridhaff
Et huet ëmmer nees fir Gespréich gesuergt bis bei parlamentaresch Froen: D’Plënnere vun der SNCA an der SNCT fort vu Wëlwerwolz.

E Freideg gouf eent vun de leschte Puzzelstécker geluecht. Den neien zentraliséierte Site vun der SNCA fir den Norde vum Land gouf um Fridhaff ageweit.
D’SNCA steet fir d’Umelle wéi och d’Agreatioun an d’Immatrikulatioun vun de Gefierer a parallel virun allem och fir de Fürerschäin. Um Fridhaff ass et och en Trainingsterrain fir d’Farschüler.

D’SNCA an d’technesch Kontroll, also d’SNCT, waren zu Wëlwerwolz implantéiert. D’SNCA ass mat der SNCT op Maarnech geplënnert mat nach Büroen zu Wolz, Dikrech an Angelduerf fir d’SNCA. Et war fir d’SNCA awer eppes Provisoresches.

D‘technesch Kontroll bleift zwar zu Maarnech. D’SNCA zitt et awer als Ganzt op de Fridhaff. Dat muss esou sinn, well fir d‘SNCT Konkurrenzreegele gëllen an dowéinst vun der SNCA muss getrennt sinn.

Op engem Site vun engem hallwen Hektar an der interkommunaler Gewerbezon ZANO gouf e Freideg de Mëtten dat neit SNCA-Gebai ageweit. Et huet ronn 800 Quadratmeter op 3 Stäck verdeelt. Beim Bau dominéiert d’Holz. Et ass eppes Nohalteges a concernéiert vill Leit, betount d’administrativ Direktesch Catherine Engelke:

Et ass esou, dass mer de Site hei um Fridhaff wäerte kënne mat Esch vergläichen. Mir wäerten hei all Dag 250 bis 300 Leit kënnen empfänken, wa mir eemol d’Woch den Theorieexamen hunn, wäerte mir esouguer 450 bis 500 Leit hei kënnen empfänken.

Zur Fro vun engem zentrale Site am Norde vum Land, seet de Pol Philippe President vum Conseil bei der SNCA:
Fir d’SNCA ss et wichteg, dass mer all ons Servicer kënnen ubidden op engem Site. Dat heescht, wa mir elo fäerdeg sinn, hu mir 3 Sitten: Esch, Sandweiler Fridhaff. An do kënne mir all ons Servicer ubidden.

Nächste Méinden ginn d‘Dieren um Fridhaff op.

Dat offiziellt Schreiwes:

Inauguration du nouveau bâtiment de la SNCA (14.07.2023)
Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics / Société Nationale de Circulation Automobile

En date du 14 juillet 2023, la direction de la Société Nationale de Circulation Automobile (SNCA) en présence des responsables du ministère de la Mobilité et des Travaux publics, a procédé à l’inauguration du nouveau bâtiment administratif de la SNCA au Fridhaff.

Le nouveau bâtiment de 787 m2 sur un terrain de 50,66 ares, envisage en vue d’accueillir les clients dans une structure moderne et d’améliorer la qualité de services proposés aux citoyens en centralisant toutes les activités pour le Nord-Est du pays et ses alentours sur un seul et même site.

L’objectif de l’agrandissement du site au Nord-Est du pays est celui d’offrir une meilleure opportunité aux citoyens ainsi qu’un choix égal aux autres sites de la SNCA.

Les divers services offerts par l’entreprise sur ce nouveau site incluront:

• L’immatriculation des véhicules et le contrôle de conformité
• La réception des permis de conduire
• Le déroulement des examens théoriques et pratiques du permis de conduire
• L’aménagement d’un terrain de manœuvres permettant d’effectuer les examens du permis de conduire pour poids lourds et moto.

Le futur site du Fridhaff présente une facilité d’accessibilité, situé sur l’axe principal routier du Nord-Est et ouvrira ses portes officiellement en date du 17 juillet 2023.

Back to Top
CIM LOGO