
Eegenen Aussoen no hätt ee kënnen de Manktem un Chippen an der Automobilindustrie ëmgoen, andeems een op aner villsäiteg asetzbar Chippen zeréckgegraff hätt. Dofir gouf d’Software dann deementspriechend ëmprogramméiert.
Eleng am 4. Quartal huet Tesla 308.600 Autoen ausgeliwwert. Am Oktober hat de Locatiounsbetrib Hertz 100.000 Gefier bei Tesla bestallt, wat dem Autoskonstrukteur e richtege Boost op der Bourse ginn huet.