De Gros a ChinaBal 66 Milliounen Elektrogefierer weltwäit

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel un Elektroautoen ass zejoert weltwäit ëm een Drëttel geklommen.
© AFP

Enn 2024 goufen et am Ganze bal 66 Milliounen elektresch ugedriwwen Autoen, dozou gehéieren also och d’Plug-in-Hybrid-Autoen.

Déi Zuelen nennt den Zentrum fir Sonnenenergie- a Waasserstofffuerschung Baden-Württemberg. Gutt iwwer Hallschent vun allen Elektroautoe sinn a China registréiert.

Wäit hannendru kommen d’USA op zweeter Plaz mat 6,4 Milliounen an op drëtter Plaz Däitschland mat 2,1 Milliounen.

Back to Top
CIM LOGO