Vakanzen-TraficBal 800 km Stau a Frankräich a laang Waardezäiten um Hafe vun Dover

RTL Lëtzebuerg
Wéi net anescht ze erwaarde gëtt et uechter Europa e Samschdeg vill Vakanzen-Trafic, notamment a Frankräich a Groussbritannien.
Stau op der A7 a Frankräich.
Stau op der A7 a Frankräich.
© AFP/Archives/JEAN-PHILIPPE KSIAZEK

Ganzer 789 km Stau goufen op den Haaptachsen a Frankräich gezielt, wéi de Site “Bison Futé” matdeelt. De Pic an der Mëttesstonn vun dësem Joer ass allerdéngs méi niddreg wéi virun engem Joer, wou et 930 km waren. Allgemeng gouf zënter der Schoulvakanz am Hexagone manner Stau registréiert wéi zejoert. Fir d’Regioun Auvergne-Rhône-Alpes huet den Internetsite awer eng “Journée noire” deklaréiert.

A Groussbritannien ass d’Zoufaart zum Hafe vun Dover zënter dem Ufank vun der Schoulvakanz immens blockéiert. Virun allem déi zousätzlech Kontrollen nom Brexit huele vill Zäit. Nodeems e Freideg well 8.500 Autoen d’Fär geholl haten, hunn d’Autoritéiten e Samschdeg mat 10.000 Ween gerechent.

D’brittesch Ausseministesch Liz Truss mécht Frankräich fir déi laang Waardezäite responsabel, well d’franséisch Grenzkontrolle ënnerbesat wieren. D’Passagéier musse brittesch a franséisch Kontrollen hannert sech loossen, éier si op d’Fär dierfen.

Back to Top
CIM LOGO