Sécherheet vu MotocyclistenBannent engem Mount huet d'Police bal 100 Infraktioune festgestallt

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 29. Mäerz an dem 28. Abrëll huet d'Police verstäerkt Kontrolle gemaach am Zesummenhang mat der Sécherheet vun de Motocyclisten.

Bei de Kontrolle gouf gekuckt, ob d’Gefierer technesch an der Rei waren, d’Dokumenter bei sech haten, respektiv ob d’Motocyclisten dat richtegt Ekipement unhaten.

An 9 Fäll gouf et en Avertissement taxé, well d’Motocyclisten ze séier gefuer sinn. A 6 Fäll waren 145 Euro Strof fälleg an 2 Punkten um Fürerschäin.

An 11 Fäll konnten d’Motocyclisten d’Dokumenter vun hirem Gefier net virweisen.

Net manner wéi 30 Mol gouf e Protokoll geschriwwen, well d’Motorrad technesch net konform war, sou z.B. wat Auspuff, Pneuen, Geliits oder Immatrikulatiounsplack ugeet.

24 Protokoller hu musse geschriwwe ginn, wéinst geféierlechem Fueren.

7 Motocyclisten hate kee konformen Helm un a 4 hate keen obligatoresche Sécherheetsgilet dobäi.

Zwee Motocyclisten sinn dann och negativ opgefall, well se vill ze séier ënnerwee waren (délit de grande vitesse) an an 3 Fäll gouf et e Protokoll, well d’Motocyclisten ouni Fürerschäi gefuer sinn.

Back to Top
CIM LOGO