Site vun CFL MultimodalBeetebuerg kritt eng Waasserstofftankstell

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Regierung wëll sech an Zukunft méi staark der Waasserstofftechnologie zouwenden. Eng éischt Waasserstofftankstell soll op Beetebuerg kommen.
Waasserstoff-Anlag (Symbolbild)
Waasserstoff-Anlag (Symbolbild)
© AFP/JENS SCHLUETER

Däitschland huet dës Woch en Accord ënnerschriwwen, fir vun 2025 u Waasserstoff aus Kanada ze bezéien. Grénge Waasserstoff wier e wichtege Schlëssel fir eng klimaneutral Wirtschaft, sou den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck.

D’Waasserstofftechnologie spillt fir den Ament nach méi eng marginal Roll, ma och déi Lëtzebuerger Regierung huet sech an der Lescht verstäerkt fir eng Notzung notamment an der Industrie ausgeschwat. Wéi den Energieminister Claude Turmes en Donneschdeg nach emol an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro erkläert huet, kënnt déi éischt Waasserstofftankstell op de Site vun CFL Multimodal zu Beetebuerg. Detailer sollen de 14. September zesumme mam Bedreiwer op enger Pressekonferenz presentéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO