
Op der belscher Bunn gëtt vun en Dënschdeg den Owend ëm 22 Auer u gestreikt. De Streik soll zwee Deeg laang goen. D’SNCB geet dovun aus, dass eréischt e Freideg de Moien erëm den normale Service wäert kënnen assuréiert ginn.
Och nom Streik uganks November géif d’Direktioun ëmmer nach refuséieren, op d‘Eisebunner ze lauschteren, bedaueren d‘Gewerkschaften. Et maachen allerdéngs bei dësem neie Streik net all Gewerkschafte mat.
D’CSC Transcom huet de Streik verurteelt a gesot, e wier komplett onverantwortlech an inakzeptabel géigeniwwer de Leit, déi mat der Bunn reesen. Aner Gewerkschafte bekloen e Manktem u soziale Mesuren am Kader vun der interner Restrukturéierung vun der Bunn.
Um Dënschdeg de Moien huet d’Lëtzebuerger CFL d’Info erausginn, dass de Streik och Repercussiounen op Lëtzebuerg huet, dat op de Linnen 10 (Lëtzebuerg - Ëlwen - Gouvy/Léck), 50 (Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel/Bréissel) a 70 (Lëtzebuerg - Rodange - Athus).
En raison d’une grève de deux syndicats des entreprises ferroviaires (SNCB, Infrabel et HR Rail), la circulation des trains sera perturbée de et vers la Belgique du mardi 05.12.2023 22h00 au jeudi 07.12.2023 22h00.
Les lignes suivantes sont concernées par des retards et des suppressions :
Ces données se rapportent à la période du 05.12 (22h00) et du 06.12.2023. Des informations détaillées par rapport à la journée du 07.12.2023 ne sont pas encore disponibles à l’heure actuelle.
Pour de plus amples informations, nous prions nos clients de se renseigner sur la page « Perturbations » sur www.cfl.lu ou via la recherche horaire disponible dans l’application CFL mobile et sur www.cfl.lu.