Och iwwert de WeekendBei der Deutschen Bahn gëtt weider gestreikt, dat bis en Dënschden de Moien

RTL Lëtzebuerg
Et ass fir déi éischte Kéier an den aktuellen Tarifverhandlungen, dass de Streik och iwwert de Weekend geet.

D’Deutsche Bahn hat dogéint geklot, fir de Streik geriichtlech ze stoppen, ass awer e Freideg an zweeter Instanz gescheitert.

Et wéilt een de Weekend awer méi Zich op d’Schinne bréngen, huet d’Deutsche Bahn matgedeelt. Et gëtt awer weiderhi mat ville Perturbatioune gerechent.

Back to Top
CIM LOGO