
“Mir erwaarde vun der Direktioun bei der SNCF, dass si an de kommende Stonnen eng Léisung fannen”, sot de Wirtschaftsminister Bruno Le Maire en Donneschdeg géintiwwer dem Radiosender “Sud Radio”. D’Transportgesellschaft wéilt nach um Donneschdeg mat de Gewerkschaftsvertrieder schwätzen.
Dobäi geet de jéngste Sträit guer net vun de Gewerkschaften aus, ma vun enger informeller Grupp vun Zuchbegleederinnen a -begleeder. D’Gewerkschafte sinn awer dru bedeelegt, well si eng Streikwarnung fir Chrëschtdag a Silvester net zeréckgezunn hunn. De Regierungsspriecher Olivier Véran huet déi potentiell Demonstranten awer en Donneschdeg dozou opgefuerdert, op d’Protestaktioun ze verzichten.
Um Streik-Weekend op Chrëschtdag bedeelegt sech ongeféier all zweeten Zuchchef. E Freideg soll dowéinst ronn een Drëttel vun allen Zich ausfalen. Fir e Samschdeg a Sonndeg huet d’SNCF gemellt, dass zwee vu fënnef Zich wäerten ausfalen.
D’Clientë kënne sech hir Billjeeë fir annuléiert Zich duebel rembourséiere loossen. Dat wäert d’Entreprise eegenen Aussoen no e puer Milliounen Euro kaschten. D’Leit kënnen hir Ticketen awer och einfach gratis ëmtauschen. Wat awer onwarscheinlech ass, well de Gros vun de Zuchfaarte schonn zanter laangem ausgebucht ass.
Eng Gruppéierung aus Zuchpersonal hat wéi gesot de Streik initiéiert. Dëse Grupp huet sech op Whatsapp gebilt an zielt antëscht iwwer 3.500 Memberen, wat ronn engem Drëttel vun der Beruffsgrupp entsprécht. Beschwéiert gëtt sech iwwer ze niddereg Salairen a schlecht Aarbechtskonditiounen. Si wëlle sech donieft net vun de Gewerkschafte vertriede loossen, deene si intern Klengkricher reprochéieren.
D’SNCF verweist drop, dass de Salaire vun de Zuchcheffe bannent de leschten zwee Joer schonn ëm 12 Prozent geklomme wier. Si hätten deemno scho méi Salaire gebuede kritt an och Verbesserungsvirschléi.