Bund a Länder eensBei eisen däitschen Nopere kënnt den 49€-Ticket
RTL Lëtzebuerg
An Zukunft kann een an Däitschland op de kuerzen Distanzen, also am sougenannte "Nahverkehr", fir 49€ de Mount mam ëffentlechen Transport fueren.
Update: 27.01.2023 16:36
D’EU-Kommissioun muss nach gréng Luucht ginn. Den 49 Euro-Ticket kënnt an der Suite vum 9€ Ticket, dee wéinst der Energiekris fir eng limitéiert Zäit decidéiert gi war. Zu Lëtzebuerg ass den Transport public jo zënter bal 3 Joer gratis.