
No den Diskussiounen iwwer d’Zukunft um Busreseau TICE an e méiglechen Ofbau vun Aarbechtsplaze sinn d’Vertrieder vun de verschiddene Gewerkschaften e Mëttwoch mam Mobilitéitsminister François Bausch zesummekomm. Dobäi ass festgehale ginn, dass keng Aarbechtsplaze wäerte gestrach ginn an dass och d’Zuel vu Kilometer, déi den TICE aktuell couvréiert, net wäert erofgesat ginn. Gläichzäiteg missten déi verschidden Acteuren awer oppe fir Diskussiounen doriwwer sinn, wéi een de Reseau vum ëffentlechen Transport esou gutt wéi méiglech un d’Besoine vun de Clienten upasst.
Fir e Buskonzept fir de Süde vum Land auszeschaffen, soll dann och en Aarbechtsgrupp geschaaft ginn, an deem och d’Personaldelegatioun vum TICE wäert Member sinn. Esou kéinten esou Mëssverständnesser an Zukunft evitéiert ginn, heescht et e Mëttwoch den Owend an engem gemeinsame Communiqué.
