Beim Iwwergang vun der fossiller hin zur elektrescher Mobilitéit huet och den ëffentlechen Transport eng Roll ze spillen. An enger EU-Direktiv ass festgeluecht, datt d’Memberlänner bis 2030 bei Ausschreiwunge fir nei Bussen ee gewësse Prozentsaz muss emissiounsfräi Gefierer sinn.
Dovu betraff ass och de Busdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg. Beim AVL wëllt ee bis spéitstens 2030 komplett op Elektro ëmstellen. De System, wéi d’Busse geluede ginn, soll och verännert ginn.
Aktuell huet de Busdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg 23 Elektrobussen, 15 weiderer si bestallt, zesumme mécht dat ronn ee Véierel vum Fuerpark aus. Bis 2025 sollen all d’Standardbussen a bis 2030 och d’Gelenkbussen elektrifizéiert sinn. Och wann een duerch eng EU-Direktiv quasi dozou gezwonge gëtt, gesäit een d’Transitioun beim AVL awer positiv, d’Elektrobussen hätte vis-à-vis vun de Modeller mat Dieselmotor nämlech ee groussen Avantage.
Lex Bentner (Chef de service AVL): “D’Standzäit vun den elektresche Bussen ass däitlech méi niddreg wéi bei den Dieselbussen. Dat heescht, een Elektrobus fiert am Duerchschnëtt méi Kilometer wéi een Dieselbus, iert e rëm fir eng Wartung an den Atelier kënnt.”
Dobäi kéim, datt elektresch Busse wärend der Faart däitlech manner Kaméidi maachen a fir d’Passagéier méi komfortabel sinn. Wat d’Autonomie vun de Busse betrëfft, sou hänkt dës wesentlech vun der Aart a Weis of, wéi se opgeluede ginn. Am Moment setzt ee beim AVL op Opportunity Charging, dat heescht d’Busse ginn ëmmer um Terminus vun hirem Trajet mat engem Pantographe vun ongeféier 75 op 100 Prozent opgelueden. Fir d’Zukunft strieft een awer een anere Modell un.
“D’Iddi ass natierlech, an Zukunft vum Opportunity Charging wech op den Overnight Charging ze kommen. Dat huet dee groussen Avantage, datt de Bus an der Nuecht geluede gëtt an een de ganzen Dag dermat fuere kann, ouni dobaussen op engem Terminus nach eng zousätzlech Ladestatioun mussen opzebauen. Dat spuert Käschten an déi Zäit, déi ee verléiert, wann een um Terminus luet.”
Um aktuelle Site um Bouillon wier genuch Stroum fir den Overnight Charging disponibel an déi néideg Kapazitéite scho bei der Creos fir d’Zukunft reservéiert. Mat Bléck op d’Busse leeft am Moment eng Ausschreiwung. Ob ee bei deem aktuelle Modell bleift oder een anere Fournisseur den Zouschlag kritt, steet nach op. D’Auswiel wier net esou grouss wéi bei Elektroautoen an een Aspekt besonnesch wichteg.
“Wann een e Bus keeft, geet et net nëmmen ëm de Bus, mee och ëm de Service après-vente. Et muss sécher gestallt ginn, datt d’Maintenance an der Garantiezäit vum Fournisseur gemaach ka ginn an déi néideg Ersatzstécker zur Verfügung stinn.”
De Präis fir een Elektrobus läit an der Moyenne bei ëm déi 550.000 Euro. Dat ass zwar méi deier wéi een Dieselbus, dofir ass d’Lafzäit vun engem Elektrobus awer och méi laang.