Äntwert op parlamentaresch FroBeim Streckeradar gi bestoend Gesetzer agehalen, sou de Minister

RTL Lëtzebuerg
Den éischte Streckeradar ass annoncéiert. D'Pirate wollten an enger parlamentarescher Ufro Detailer wëssen, zum Beispill iwwert Datesécherheet.
Archivfoto vun der N11
Archivfoto vun der N11
© Olidom Multimedia

Ënner anerem gouf dem Minister François Bausch d’Fro gestallt, wat genee mat den Date vun de Chauffeure geschitt, an ob et ze rechtfäerdegen ass, datt d’Leit géingen ënner Generalverdacht gestallt ginn?

De Minister präziséiert, datt beim Traitement vun Donnéeë bestoend Gesetzer géingen agehale ginn. Wa keng ze séier Vitess festgestallt gi wier, géingen d’Donnéeë guer net gespäichert ginn. Et géing keen ënner Generalverdacht gestallt ginn, esou de Minister.

Am Kader vu strofrechtleche Poursuitten kéint awer op Beweiselementer déi vum Radar enregistréiert goufen, zeréck gegraff ginn.
De Minister schreift, datt de Radar tëscht dem Waldhaff an dem aktuelle fixe Radar Gonnereng installéiert géif ginn, op enger Streck vu 4,2 km.

Tëscht 2011 an 2017 sinn 19 Accidenter hei geschitt. Zwee dovunner haten déidlech Suitten. 2015 sinn op der genannter Streck vun der N11 dräi Leit ëmkomm.

Och haut géingen et hei nach ëmmer vill Verstéiss ginn.

Back to Top
CIM LOGO