Protestpiquet den 19. September geplangtBeim Tice rumouert et weider

RTL Lëtzebuerg
D'Direktioun vum Bussyndikat géif weider all Dialog mat der Personaldelegatioun a mat de Gewerkschaften ignoréieren.

Rieds geet weider vun engem Vertrauensverloscht, engem Klima vun Angscht an engem autoritäre Féierungsstil, heescht et an engem Schreiwes vun der FGFC. D’Wuelbefanne vum Personal géif komplett op der Streck bleiwen.

Dofir gëtt den 19. September e Protestpiquet organiséiert. Gefuerdert gëtt niewent engem klore politesche Positionnement, en Dialog op Aenhéicht a strukturell Verännerunge fir dat ganzt Personal.

PDF: D'Schreiwes vun der FGFC

Back to Top
CIM LOGO