Nei Verbindung op RoumBëllegairline "Wizz Air" flitt geschwënn och vum Findel aus

RTL Lëtzebuerg
Wéi ënnert anerem dat belscht Portal aviation24.be mellt, soll déi ungaresch Airline "Wizz Air" geschwënn och um Findel starten.
© Afp

Geplangt ass eng nei Verbindung tëscht Lëtzebuerg an dem Fluchhafe Fiumicino, deen eng 30 Kilometer südwestlech vun der italienescher Haaptstad Roum läit.

Vum 1. August 2023 u wäert d’Bëllegairline deemno dräimol d’Woch tëscht deenen zwou Destinatioune fléien - dënschdes, donneschdes a samschdes. De Präis vun den Tickete fir den Trajet am Airbus A321neo soll bei 24,99 Euro lassgoen.

Back to Top
CIM LOGO