Den Ament musse si sech an dacks iwwerfëllt Zich era quëtschen, déi dacks och nach Retard hunn. Wann op franséischer Säit net grad gestreikt gëtt.
2024-25 soll et elo a punkto ëffentlechen Transport en éischte Liichtbléck ginn. Méi Zich, méi laang Zich. Bis d’Enn vun dësem Joerzéngt, soll d’Kadenz da weider erop geschrauft ginn. Op e Paräisser RER-Rhythmus.
“Un train toutes les 7 minutes 30 depuis Thionville pour Luxembourg. Un train toutes les 10 minutes depuis Metz. Et un train toutes les 30 minutes en direct jusqu’à Luxembourg, depuis Nancy. Ce qui élèvera considérablement le niveau capacitaire de transport”, sou de Frank Leroy, President vun der Région Grand-Est.
E Service um Frontalier, dee fir d’Lëtzebuerger Regierung och ganz kloer e Präis huet. 230 Milliounen Euro mat op franséischer Säit ënner anerem Infrastruktur-Projeten, déi realiséiert ginn, fir d’Qualitéit vum Service ze verbesseren.
De Mobilitéitsminister, François Bausch: “Haaptsächlech well d’Quaie verlängert ginn a méi grouss Zich kënnen agesat ginn. Dat heescht et geet elo drëms, datt mer emol schonn d’Kapazitéit kënnen eropsetzen. Um Niveau vun den Zich selwer. An da kënnt déi zweet Etapp, wou de richtege Sprong gemaach gëtt. Dat ass ab 27-28. Well dann hunn d’Fransousen hir Zich, déi si supplementär asetze wëllen. Ma virun allem mir kënnen dann och déi nei Beetebuerger Stréck an den Asaz bréngen.”
En direkt Investissement, och an déi national Wirtschaft.
Op engem Ament, wou sech ëmmer méi Famillje Froe stellen: Wie laang se de Wee op Lëtzebuerg nach op sech huelen? Stéchwuert Work-Life-Balance.
Nieft dem Zuch soll och d’Strooss ausgebaut ginn. Mat op franséischer Säit dem Projet vun der A31 bis. Enger Autobunn, mat Peage, nieft der aktueller A31, déi gratis bleift. Op Lëtzebuerger Säit soll den Ausbau vun der A3 2030 ofgeschloss sinn.
D’Schreiwes vum Mobilitéitsministère fannt Dir hei.