BMW Art CarBis de 14. Juni kann een déi aussergewéinlech Autoen nach bewonneren

Pitt Wagner
Art Cars ass eng Expo, déi Wierker vu Kënschtler wéi Warhol, Lichtenstein oder Hockney weist, awer net wéi gewinnt als Tableau oder Skulptur, mä op Autoen.
Konscht net als Tableau, mä als Artcar
“9 vun 19" ass eng Expo zu Esch, déi Wierker vu Kënschtler wéi Warhol, Lichtenstein oder Koons weist. Ausgestallt sinn 9 vun den 19 legendäre BMW Art Cars.

Warhol, Lichtenstein, Manrique, Koons oder Rauschenberg sinn Nimm vu ganz grousse Kënschtler, déi zesummen an enger ganz spezieller Expo an op eng ganz speziell Manéier an der Metzeschmelz ausgestallt ginn. Och an der Konscht ginn et Publikumsmagnéiter. An deene meeschte Fäll sinn dat grouss Nimm, déi ee kennt.

Wa Wierker vun dëse Kënschtler ausgestallt ginn, kann ee sécher sinn, dass Leit kucke kommen. Am Kader vun Esch2022 mécht eng Ausstellung mat esou groussen Nimm dëse Weekend hir Dieren op, an dat net an enger Galerie oder engem Musée, mä an der Metzeschmelz zu Esch/Uelzecht. Do virdrun ass awer nach vill Aarbecht. De Stëbs muss erausgekiert an d’Konscht eragerullt ginn. Well et si grouss Wierker vu groussen Artisten.

Art Cars heescht d’Serie vun engem däitschen Autoskonstrukteur, déi 1975 vum Hervé Poulin an d’Liewe geruff gi ass. Et ass awer Konscht, déi beweegt, an dat mat iwwer 200 km/h. Verschidde Wierker sinn nämlech och an d’Course op 24 Stonne vu Le Mans geschéckt ginn, an och mat deem deiere Lack si se net geschount ginn.

Konscht op 4 Rieder
Artcars ass eng Expo, déi Wierker vu Kënschtler wéi Warhole, Lichtenstein oder Hockney weist, awer net wéi gewinnt als Tableau oder Skulptur, mä op Autoen.

19 Wierker ëmfaast d’Kollektioun vun den Art Car, an zu Esch si vum 7. Mee bis de 14. Juni 9 Stéck ausgestallt, an dat ass exzeptionell a gouf et an där Form nëmmen ee Mol ausserhalb vu München, nämlech zu London 2012 bei Olympia.

Wie sech déi flott Stecker wëll ukucke goen, muss sech virdrun um Site aschreiwen.

Et ass gratis a fir all Konschtfrënd oder Autosfrënd derwäert.

Back to Top
CIM LOGO