
De Mobilitéitsministère ass sech bewosst, datt et um Enn vun der A7, um Echangeur Kierchbierg, e Problem gëtt. Dat äntwert den zoustännege grénge Minister François Bausch de Piraten. Den Deputéierte Sven Clement hat an enger parlamentarescher Fro op e strukturelle Problem op där Plaz higewisen, wou de Stau zum Alldag gehéiert.
D’Stroossebauverwaltung ass sech dëser Thematik bewosst an et wieren Iwwerleeungen an Etudë gemaach ginn, fir ze kucken, wéi den Trafic moies an den Haaptverkéierszäite besser ka reguléiert ginn. Leider hätt ee bis ewell awer nach net déi richteg Léisung fonnt, heescht et weider aus dem Mobilitéitsministère.
D’Piraten hunn dem Minister eng Kaart matgeschéckt, wéi een op där Plaz d’Spueren nei kéint organiséieren: fir d’éischt kéim e Knéck an dono géing et op 3 Spuere weider. Déi Propos kéint een awer aus geometresche Grënn leider net ëmsetzen, sou de Minister.