Zanter e puer Méint lafe jo d’Preparatiounsaarbechte ronderëm den Ausbau vum Tram, dowéinst goufe schonn eng Partie Beem ëmgehaen. Och d’Echangeuren op der Tréierer Autobunn mussen ëmgebaut ginn. Mëtt 2023 sollen déi Aarbechte fäerdeg sinn, fir da mam Bau vun der Busgare unzefänken. Dës ganz Ëm- an Ausbauaarbechte sinn an 8 bis 9 Phasen opgedeelt.
Et kommen an deem Kontext eng Partie Ännerungen: Ronderëm de Findel gëtt esou Munches ëmgebaut, Stéchwierder sinn Park&Ride, Busgare oder nach een neie Boulevard, wéi den zoustännege Minister François Bausch erkläert. “Dat bedeit, dass déi aktuell Nationalstrooss ëmgebaut gëtt, grad wéi déi verschidden Echangeure fir méi Fluiditéit an de Verkéier ze kréien. Et dierf een net just de Findel kucken, mä alles ronderëm, wou et vill Aarbechtsplaze ginn.”
Den Direkter vun de Ponts et Chaussées Roland Fox gëtt verschidden Detailer iwwert de geplangten Timing. “Mir fänken am Hierscht un. Et dierft 2 bis 2,5 Joer daueren, och, well d’Bretellen ëmgebaut ginn. Zil ass et, dass den Tram sech am Summer 2024 installéiere kann.” De komplette Chantier, bis alles ronderëm de Findel ëmgebaut ass, soll bis 2028 daueren. Ënner anerem wäert jo d’N1, also d’Tréierer Strooss, op zwee Mol zwou Spueren ausgebaut ginn.
Dat Ganzt huet säi Präis. Et geet ee vu bis zu 125 Milliounen Euro aus.