
De franséischen Trafic-Info “Bison Futé” annoncéiert fir d’Enn vun dëser Woch vill Verkéier a béid Richtungen. Virun allem en Donneschdeg virun Allerhellege kéint et Problemer am Trafic ginn. Den Dag ass orange klasséiert.
Evitéiere soll een ënnert anerem d’Autobunn tëscht Paräis a Lille oder nach de Contournement vu Lyon. Fir de Weekend soll den Vakanzentrafic vun de Retoure sech nees berouegen.