Wéinst BrexitBrittesch Automobilindustrie fäert ëm hir Kompetitivitéit

RTL Lëtzebuerg
Vun der Insel koum schonn d'Demande, datt d'EU den Zoll op den Import vun Elektroautoen nach net aféiere soll, mä datt d'Frist verlängert soll ginn.
D'Produktioun vum Spectre, dem éischte rengen Elektroauto vu Rolls-Royce, soll am Laf vun 2023 ufänken.
D’Produktioun vum Spectre, dem éischte rengen Elektroauto vu Rolls-Royce, soll am Laf vun 2023 ufänken.
© AFP

U sech sollen den 1. Januar 2024 déi ursprénglech Reegelungen, wat den Zoll betrëfft, tëscht der EU a Groussbritannien nees agefouert ginn. Dat wier esou am Brexit-Deel festgehale ginn. Elo fuerderen d’Vertrieder vun der brittescher Automobilindustrie, datt een dëse Stéchdatum ëm 3 Joer no hanne verleet.

Sollt dat net de Fall sinn, kéint dës Hausse vun de Käschte fir de Keefer dozou féieren, datt dësen nees léiwer op en Bensinner oder Diesel zeréckgräift, wéi op en Elektroauto.

D’Bestëmmunge gesi vir, dat e Gefier, wat zu Manner wéi 45 Prozent an der EU oder Groussbritannien hiergestallt gouf, mat engem Zoll vun 10 Prozent beluecht gëtt. Well a Groussbritannien awer aktuell keng Akkue fir d’Ween kënnen hiergestallt ginn, ass dëst an den nächste Joren net méiglech, fir ze ëmgoen. Déi op der Insel verbauten Akkuen, wéi och vill aner Deeler vun den Autoe kommen aus Asien. Brittesch Hiersteller fäerten dowéinst elo, datt duerch d’Aféiere vum Zoll op hir Produiten, hir Präisser drastesch an d’Luucht ginn a si net méi konkurrenzfäeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO