N4 gouf gespaartCamion a Brand op der belscher N4 Richtung Maartel no un der Lëtzebuerger Grenz
E Freideg kuerz no 13 Auer huet e Camion, dee Stréi/Hee transportéiert, op der Héicht vum Duerf "La Folie" Feier gefaangen. D'N4 huet musse gespaart ginn.
Camion a Brand op der N4 Richtung Maartel (B)
D’Streck huet fir Stonne musse komplett fir den Trafic gespaart ginn.
E sëllege Pompjeescorpse waren am Asaz. D’Botte goufe komplett ausernee geholl vun de Pompjeeën, fir de Brand besser ënner Kontroll ze kréien, wouduerch déi ganz Strooss voller Hee/Stréi war.
Vun de Pompjeeën op der Plaz huet et géint 16.30 Auer geheescht, et géif nach puer Stonnen daueren, bis d’Strooss nees kéint opgoen. D’Deviatioun goung iwwert d’N87 Richtung Habay-la-Neuve an dann op d’Autobunn Richtung Bréissel.
Am Trafic-Info no 19 Auer stoung näischt méi dra vun der N4, deemno misst den Trafic do nees lafen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.