Tréierer AutobunnCamion ëmgekippt, A64 a Richtung Lëtzebuerg gespaart
Net wäit ewech vu Waasserbëlleg gouf et e Mëttwoch an der Mëttesstonn e schwéieren Accident, wat Perturbatiounen am Trafic mat sech bréngt.
Op der däitscher A64 a Richtung Grand-Duché huet e Camionschauffer d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer. De Camion gouf widder déi mëttelst Leitplank geschleidert an ass doropshin ëmgekippt.
A Richtung Grand-Duché ass d’Autobunn gespaart an a Richtung Tréier geet et just iwwer d’Pannespuer laanscht. D’Opraumaarbechten dierften e puer Stonnen daueren.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.