CR159 erëm opCamion tëscht Fenteng a Béiweng fort

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Moien hat e Camionneur seng Maschinn wuel e bëssen ze wäit am Summerwee geparkt an ass do stieche bliwwen.
© Domingos Oliveira

De Camion stoung zwar net am Wee, ma fir den Depannage hat d’Strooss fir den Trafic misse gespaart ginn. Géint 13.23 Auer war den Depanneur op der Plaz, eigentlech sollt den Depannage just eng Stonn daueren, géint 15 Auer hat d’Police du gemellt, datt d’Aarbechte wuel eng 3 Stonnen dauere sollen.

Géint 18.30 Auer war et dunn d’Meldung, datt d’Streck erëm fir den Trafic op wier. Et soll een awer nach oppassen, well nach Dreck op der Strooss leie kéint.

Back to Top
CIM LOGO