Police Lëtzebuerg"Campagne Civil d'Été" - Preventiv a sécher an d'Vakanz

Monique Kater
Middegkeet, falscht Pake vum Auto oder onverstännegt Fueren… um Wee fir an d'Vakanz sinn esou Feeler dacks d'Ursaache vun Accidenter.
Preventiv a sécher an d'Vakanz
Op der Areler Autobunn goufen d’Automobiliste vu Polizisten erofgewonk, fir dann ënnert der Bréck zu Mamer kontrolléiert ze ginn.

Wien e Samschdeg op der Areler Autobunn ënnerwee war gouf – oder huet gesinn, dass Automobiliste vu Police op Motorrieder vun der A6 erof gewonk goufen, fir dann ënnert der Bréck zu Mamer kontrolléiert ze ginn. Dëst war eng Aktioun am Kader vun der “Campagne Départs en Vacances”, déi zesumme mat der Belscher an der Franséischer Police organiséiert gëtt. D’Ziel ass et, d’Leit op verschidde Geforequellen opmierksam ze maachen – eng Sensibiliséierung, déi Schoul mécht.

D’lescht Woch sinn d’Camper ënnert d’Lupp geholl ginn, de Vacancier gouf also schonn, iert e sech op de Wee mécht, drun erënnert, op wat e muss oder soll oppassen. Dat hei war de logesche Suivi, mat, als Schlagsan um Kuch, eng Pout Repressioun dobäi, erkläert de Laurent Lentz, Direkter vun der nationaler Verkéierspolice.

Déi meescht géingen d’Reegelen och kennen… an awer wier eng Zesummenaarbecht am Dreilännereck wichteg, fir ëmmer nees op d’Geforen opmierksam ze maachen. Hei de virleefege Bilan vun der Kontroll:

Am Ganze goufen 39 Avertissements taxés ausgestallt, dëst wéinst verschiddenen Infraktioune wéi Iwwerlaascht, Handy um Steier, kee Gurt, glat Pneuen, “mangelhaft” Pabeieren oder geféierlechem Fuerverhalen. Weider gouf nach géint 2 Chaufferen e Procès verbal geschriwwen, eemol wéinst Iwwerlaascht an eemol well de Chauffer keng Assurance hat.

Informatiounen a Recommandatioun iwwert d’Rees mat enger Roulotte oder engem Camping-Car fannt Dir um Site vun der Police.

Op franséischer Säit waren d’Spezialiste vun der Campagnie autoroutière CRS lorraine/alsace am Asaz.

Schreiwes

Großangelegte Verkehrskontrolle in Zusammenarbeit mit den französischen und belgischen Kollegen auf der A6
Am vergangenen Samstag hat die nationale Verkehrspolizei (Unité de la police de la route) zusammen mit den Kollegen aus Belgien und Frankreich eine gemeinsame Verkehrskontrolle auf der Autobahn A6 durchgeführt.

Im Sinne der Verkehrssicherheit auf der Autobahn stand dabei der Urlaubsverkehr im Fokus, insbesondere die Ladungssicherung, Überladung sowie Fahrzeugpapiere.

15 Beamte der nationalen Verkehrspolizei waren an der Kontrolle beteiligt, unterstützt von 6 Beamten aus Frankreich und Belgien.

Insgesamt wurden bei der Kontrolle 39 gebührenpflichtige Verwarnungen ausgestellt, u.a wegen Fällen, in denen die maximal erlaubte Zusatzlast der Fahrzeuge überschritten wurde, wegen der Nutzung des Mobiltelefons während der Fahrt, wegen mangelhaften Borddokumenten, abgenutzten Reifen, gefährlichem Fahrverhalten und in Fällen in denen kein Sicherheitsgurt getragen wurde.

In zwei weiteren Fällen wurde Protokoll erstellt, einmal, da der kontrollierte Fahrer nicht im Besitz einer gültigen Versicherung war und ein weiteres Mal, da die maximal zulässige Zusatzlast des Fahrzeuges deutlich überschritten wurde.

Back to Top
CIM LOGO