BilanCFL rechne mat Hausse vu Passagéier a wëll hir Kapazitéite weider ausbauen

RTL Lëtzebuerg
2021 hätt ee wärend 311 Deeg um Schinnennetz zu Lëtzebuerg geschafft, heescht et vun den CFL. E gréissere Projet ass den Ausbau vun der Stater Gare.
© Maxime Gonzales

D’CFL rechnen domadder, datt d’Zuel vun de Passagéier zwee Joer nom Ufank vun der Pandemie erëm an d’Luucht geet.
2020 goufen et am Verglach mat 2019 ronn 10 Millioune Passagéier manner, mä an Tëschenzäit gëtt et erëm eng Tendenz no uewen.

Spéitstens dëst Joer gëtt domadder gerechent, datt erëm méi Leit den Zuch huelen an op déi Entwécklung misst ee virbereet sinn an deementspriechend d’Infrastrukturen ausbauen, fir de Leit zu all Ament eng gewësse Mobilitéit ze garantéieren, heescht et vun der Bunn.

Bilan CFL / Reportage Sabrina Backes

Am Mäerz 2020 ass Lëtzebuerg an de Confinement gaangen. “Bleift doheem” huet et geheescht. D’Schoule waren zou. Déi Leit, déi konnten, hu vun doheem aus geschafft. Dat huet sech och an den Zuele vun de Passagéier bei den CFL gewisen. D’Cheffin vun der Kommunikatioun d’Alessandra Nonnweiler erkläert: Mir si vun 2019 vun iwwer 25 Millioune Voyageuren an deem Joer, op 14.5 Millioune gefall. Mir konnten awer d’lescht Joer erëm eng gewëssen Hausse spieren an do si mer fir 2021 ongeféier bei 16.5 Millioune Voyageuren. Dat heescht, do war scho ganz kloer een Abroch.

Wat d’Entwécklung vun den Zuele vun de Passagéier ugeet, géing sech awer elo erëm eng Tendenz no uewe weisen. Ob déi och drop zeréckzeféiere wier, datt d’Spritpräisser an d’Luucht ginn, wier schwéier ze soen.

Fir awer op de Plus u Leit virbereet ze sinn, misst weider um Streckennetz an der Infrastruktur geschafft ginn. Zejoert wiere ganzer 311 Deeg geschafft ginn. E grousse Projet ass a bleift den Ausbau vun der Stater Gare. Nodeems d’lescht Joer schonn um ganzen nërdlechen Deel vun de Gleiser geschafft ginn ass, ass dëst Joer de Südlechen drun. Zil vun den Aarbechten ass eng Gare, wou herno all Linn onofhängeg vuneneen ebe kann operéiert ginn a wou all Linn eben hiren eegene Gleis huet, wat fir de Client duerno da méi Pünktlechkeet bedeit, einfach well mer den Dominoeffekt, wéi mir en ëmmer nennen, net méi hunn.

Bis 2025 soll dëse Projet ofgeschloss sinn. E weidere gréissere Projet ass den Ausbau vu verschiddene Garen. Wa mer zréckkommen op Garen, wéi Ettelbréck, Miersch oder Rodange, da stinn do Park and Railen, déi einfach och d’Ëmsteige vum Auto op den Zuch vereinfachen.

Zousätzlech Kapazitéite sollen och duerch déi nei 7 Kilometer laang Zuchstreck tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg entstoen.

Back to Top
CIM LOGO