Exploitatioun a MaintenanceCFL sollen iwwer 15 Joer am Ganze 7 Milliarden Euro kréien

RTL Lëtzebuerg
Dat ass déi budgetär Enveloppe, déi d'CFL soll kréien, fir d'Exploitatioun an d'Maintenance vum nationalen Zuch-Reseau an de Joren 2025 bis 2039.
© RTL (Archiv)

D’Period vu 15 Joer wier gewielt ginn, fir den CFL eng gewësse Previsibilitéit ze ginn, huet den Transportminister François Bausch bei der Presentatioun vum Projet de loi virgestallt. Um Site vun der Chamber ass ze liesen, dass Infrastruktur-Käschte fir nei Linnen oder Renovatiounen net dorënner falen. De Statut vum Personal bei den CFL wier duerch de Projet de loi och net betraff.

Back to Top
CIM LOGO