
CFMOTO 675NK
Dat ass zimmlech räisseresch, ech weess, mä resuméiert mäin éischten Test-Tour mat engem Moto fir RTL u sech ganz gutt. D'Firma Zhejiang Chunfeng Power, méi bekannt als CFMOTO, gëtt et schonn zënter 1989 a baut Quaden a Motorrieder. Virun 20 Joer hunn d'Chineesen ugefaangen hir Maschinnen an d'Welt z'exportéieren, dorënner dann och d'675NK mat där ech en Tour bis op de Stauséi gemaach hunn.
NK steet fir NAKED, heescht plakeg, also ouni groussaarteg Verkleedung a 675 fir 674 Kubikzentimeter déi an den dräi Zylindere beweegt ginn. Domat wär déi räisseresch Iwwerschrëft "eng plakeg Chineesin um Stau" erkläert. Vum Design hier ass d'675NK en typescht Naked Bike; liicht aggressiv Schnuff an där LED-Technologie (gëllt fir all d'Luuchten um Moto) fir eng gutt Beliichtung an der Nuecht suergen.
Déi 90 Päerd déi CFMOTO hei proposéiert fuere sech gutt, ouni vill Geruckels wéinst dem 3-Zylinder-Motor, et brauch ee sech keng brachial Beschleunegung z'erwaarden, ma wann een héich an den Toure bleift, kann een duerchaus dynamesch duerch d'Kéiere fueren. An déi 90 Päerd maachen och Kaméidi, e Sportauspuff ass hei wierklech net néideg. Als maximal Vitess gëtt CFMOTO 200 un; déi kann een duerchaus dropkréien, do wou et erlaabt ass, allerdéngs pecht een da mam Helm um Tank well jo keng Verkleedung Schutz virun der Loft bitt.
Déi 90 Päerd kënnen natierlech gedrosselt ginn, sou datt och Ufänger mat der 675NK fuere kënnen, respektiv fir Leit mat engem A2-Fürerschäin. Vun ABS, iwwer Quickshifter (just fir erop), Traktiounskontroll, 5 Zoll Ecran, USB-Béchsen, bis bei d'T-Box vun CFMOTO (fir d'Motorrad mam Handy ze koppelen) a 5 Joer Garantie, ass d'675NK eng seriö Optioun am Dschungel vun den Naked Bikes, zemools wann um Devis 6.500 € stinn.