D'Léngt gëtt méi kuerzChamber verschäerft Strofen am Stroosseverkéier

Marc Hoscheid
Op de Lëtzebuerger Stroosse gëlle geschwënn aner Reegelen. Dat well d'Chamber e Freideg den Owend spéit de Projet de loi 7985 gestëmmt huet.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Doduerch gouf eng ganz Rëtsch vu Modifikatiounen um bestoende Gesetzestext duerchgefouert. Dozou gehéieren ënnert anerem d’Adaptatioun vum Tableau vun den Infraktiounen an d’Erhéijung vun enger Partie Amenden. Sou verléiert een zum Beispill an Zukunft 4 amplaz 2 Punkten an et muss een 250 amplaz 145 Euro bezuelen, wann ee mam Handy hannert dem Steier erwëscht gëtt. Eleng dëst Joer goufe schonn 2.200 Avertissements taxés wéinst dëser Infraktioun ausgestallt.

Eng weider Ännerung betrëfft d’Radaren, wéi déi gréng Rapportrice Chantal Gary erkläert.

“Dëse Projet de loi féiert dës Weideren eng nei Infraktioun op Bezuch op d’Radaranlagen an. Rezent gouf et de Fall, wou eng Persoun hiert Gefier volontairement virun ee Radar gestallt huet. A bis dato gouf et fir dëst Comportement keng gesetzlech Sanktioun. Mat dësem Projet de loi gëtt och elo dëse Geste vu Fonctionnementsbehënnerung souwéi d’Destruktioun oder den Endommagement vun esou Apparater sanktionéiert.”

Och wann d’Piraten den Text matgestëmmt hunn, huet de Marc Goergen awer dorop higewisen, datt et duerch verschidden Onprezisiounen zu bëssi méi spezielle Situatioune komme kéint.

“Am A sot Der jo mol fir d’éischt, un Appareil électronique mobile doté d’un écran. Ech weess jo net, wie vun Iech all eng digital Auer huet oder net, ech sinn zum Beispill een, deen huet esou eng. Laut deem neien Text, dierft een déi Auer net méi benotzen am Auto an et dierft een net méi kucken, wéi vill Auer et ass. Well et ass een Appareil mobile doté d’un écran.”

Et wier och net glécklech, datt een zwar net mat engem Handy telefonéieren, awer en an enger Fixatioun als Navi benotzen dierft. Dat géing d’Polizisten an der Praxis viru grouss Problemer stellen. De Mobilitéitsminister François Bausch huet deem entgéintgehalen, datt et och haut dacks schwéier fir d’Beamte wier, esou Verstéiss nozeweisen.

Mat Bléck op d’Radaren zu Hollerech war et dann d’Annonce, datt hei an Zukunft méi Schëlder drop opmierksam maache sollen, datt een hei geblëtzt ka ginn. Um Enn gouf den Text mat 56 Jo Stëmme bei kenger Nee-Stëmm a kenger Abstentioun ugeholl.

Back to Top
CIM LOGO