Vum 2. Mäerz unChangementer um Bus-Reseau vun der Stad Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg u fiert net nëmmen den Tram bis op de Findel. Och d'Busser vun der Stad Lëtzebuerg hunn hire Plang e bësse geännert.

D’Linne 6, 16 a 29 ginn um Sennengerbierg ugepasst. Heimat wëll een e Passagéier entgéintkommen, déi den Tram um Arrêt “Héienhaff P+R” notze wëllen. D’Linne 6, 16 am 29 wäerte vun e Sonndeg un also um Héienhaff an um Parishaff stoe bleiwen. Den Arrêt Sennengerbierg Autobunn wäert deemno net méi ugefuer ginn. Och d’Horaire wäerte liicht changéieren.

Weider Ännerunge ginn et bei de Linne 6 a 16. D’Linn 6 wäert vun e Sonndeg un um Kierchbierg iwwert de Boulevard Pierre Frieden fueren. Doduerch fält den Arrêt” Poutty Stein” ewech. Op dësem Arrêt wéi och op der Luxexpo wäert een d’Linn 16 net méi huele kënnen. Dës fiert nämlech vum 2. Mäerz u laanscht d’Chambre des Métiers, Alphonse Weicker an d’Klinick um Kierchbierg.

Oppasse bei CN5 a CN6

De Late Night Bus CN5 fiert vun e Sonndeg un iwwert Dummeldeng-Gare an Dummeldeng-Contournement. De CN6 iwwerdeems wäert n et méi um Arrêt “Chingiz Aitmatov” stoe bleiwen. Allgemeng goufen d’Linn CN5 an CN6 e bësse verännert.

Detailer fannt Dir hei:

Nei Brochüre vum Bus-Reseau an der Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO