Aarbechten op der N7Chantier beim provisoresche Rond-point um Rouscht nach bis Mëtt Abrëll

David Winter
Hei handelt et sech ëm Ëmbauaarbechten op der Haaptkräizung um Rouscht, déi an e provisoresche Rond-point soll ëmgebaut ginn.
© Domingos Oliveira / RTL

Der Gemeng zu Biissen no, huet de Chantier selwer de 17. Mäerz ugefaangen a soll bis de Weekend vum 18. Abrëll mol nach fir Behënnerungen am Trafic suergen. Am Ganze waren nämlech 4 Wochen uginn als Period vun den Aarbechten. Dëst krut RTL och op Nofro bei der Gemeng Biissen confirméiert.

Folgend Stroosse sinn dann och wärend där Zäit gespaart: Den CR115 Rouscht/Cruchten a Richtung Rouscht an den CR115 Biissen/Rouscht a Richtung Rouscht.

Weider Informatiounen iwwert d’Zirkulatioun vun de Busser op dëser Plaz wärend där Zäit ginn et hei!

Weider Detailer fannt dir um Site vun der Gemeng Biissen.

Back to Top
CIM LOGO