Ettelbrécker GareChantier geet virun, Schmuebele kréien Ersatz-Näschter

Mariette Zenners
Dat aalt Gebai vun der Ettelbrécker Gare gëtt virun ofgerappt. Enn Februar hat den Ëmweltministère e virleefege Baustopp verhaangen.
Ettelbrécker Gare
Chantier geet virun, Schmuebele kréien Ersatz-Näschter.

Dat well déi néideg Autorisatiounen aus dem Naturschutzgesetz gefeelt hunn. Et ass hei ëm Kompenséierungsmoossname gaangen, déi musse geschaaft ginn, well d’Schmuebelen do ëmmer hir Näschter gebaut hunn. Elo ass d’Geneemegung awer do an d’Schmuebele kruten Ersatz-Näschter ugebueden.

Bis Juli steet dat hei Gebai anno 1862 net méi. Et huet zum Stadbild vun Ettelbréck gehéiert, trotz Protester vun Denkmalschützer huet et dem neie Projet misse Plaz maachen.

Klengen Trouscht: an Zesummenaarbecht mat Sites et Monuments ginn d’Häerstäng elo ofgedroen an eng 150 Tonne sollen an de spéideren Eisebunnsmusée vu Péiteng integréiert ginn, dat nieft aneren Elementer vum Gebai.

Et ass effektiv esou, dass mer hei um Quai 1 eng schéi Marquise stoen haten, ganz al an déi ass vum Fonds de gras iwwerholl ginn, wou se erëm nei opgebaut gëtt.”, esou d’Alessandra Nonnweiler vum Service Kommunikatioun vun de CFL.

D’Schmuebelen, déi hei ëmmer hir Näschter gebaut hunn, haten et zwar fäerdegbruecht, de Chantier nach emol fir zwou Wochen ze stoppen, mee si kruten awer hir vum Gesetz virgesi Kompenséierung.

Mir hunn zum Beispill hei net wäit ewech laanscht d’Uelzecht ee Schmuebelstuerm opgebaut mat och Klang-Attrappen, wou déi natierlech Riff vun de Schmuebelen nogemaach ginn, fir se unzelackelen.

Op een ongeféier 4 Meter héijen Tuerm, eng 250 Meter Loftlinn vum Gebai ewech, gi se hi gelackelt. Ee modernt Penthaus souzesoen an idyllescher Lag laanscht d’Waasser.

Ausserdeem hu mer och Leemkaulen dohi gesat, fir dass se natierlecht Baumaterial kënne benotzen, fir hir Näschter ze bauen.

Luxus pur deemno. Vun no gekuckt gesäit dat ganzt allerdéngs wéi eng ganz Cité mat prefabrizéierte Jumeléeën aus.

Wëlle Schmuebelen net hir ureg Näschter an iwwerhaapt sou no openee wunnen? Mir froen de Spezialist a gi gewuer, dass sou Konschtnäschter wéi hei zu Izeg am ale Klouschter duerchaus Bewunner unzéien, dat hänkt awer ganz dervun of, ob de Weibercher d’Nascht, wat d’Männercher bauen, gutt genuch ass.

D’Nascht bauen, gehéiert zum Balzritual. De Männchen wéist, wat e kann, baut ee schéint Nascht an d’Weibchen hëlt dat dann un, fir dran ze bréien. An déi Konschtnäschter, déi opgehaange ginn, sinn awer scho ganz gutt, si si stabil a si ginn och méi héich opgehaangen, wou et e bësschen spektakulär ass.”, esou de Patrick Lorgé vun der Centrale ornithologique natur&ëmwelt.

D’Schmuebele si ganz Standuert-trei Déieren, kommen nom Wanter aus Afrika gären op déi selwecht Bréiplaz zréck. Ob esou Tierm, wou se mat kënschtleche Gesäng ugelackelt ginn, hinnen awer gefält?

D’Schmuebelen hunn do schonn hire Kapp. Et ass net esou einfach, si iergendwéi unzesidelen. Mir hunn dat schonn e puer Mol probéiert hei zu Lëtzebuerg. Mir haten awer ni Succès. Am Ausland ginn et awer Beispiller, wou déi Tierm ganz gutt ugeholl ginn, och wann do 20 Näschter hänken.

D’Schmuebelbestänn sinn an de leschte Joren hei am Land ëm 20 bis 30 Prozent zréckgaangen. Aalt Gemaier, wat verschwënnt, modernt gutt isoléiert Bauen, wou kee Villche méi erakënnt a manner Insekte si Schold drun. Bis d’Déiercher an déi nei Ettelbrécker Gare kéinte plënneren, dauert souwisou nach. 2030 soll de ganze Projet fäerdeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO