Ban de GasperichChantier tëscht Rond-point Gluck, Echangeur Hesper an der A3

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Amenagement vum Ban de Gasperich gëtt vun e Freideg bis e Méindeg ronderëm de Rond-point Gluck an der A3 geschafft.

De Chantier soll e Freideg géint 21 Auer ufänken a wäert bis e Méindeg um 5 daueren. D’A3 ass tëscht dem Rond-point Gluck an dem Echangeur Hesper zou, esou wéi och d’Bretelle vum Echangeur Hesper a Richtung Stad. D’Deviatioune lafen iwwert de Boulevard Kockelscheier an de Boulevard Raiffeisen.

Mat Problemer am Trafic ass awer scho géint 19 Auer ze rechnen, well dann d’Virbereedungsaarbechten ufänken.

PDF: D'Kaart am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO