
De Chantier an der Avenue de la Gare ass den 1. Oktober vu 7 bis 17 Auer. Wärend den Aarbechten ass d’Strooss tëscht der Boulevard de la Pétrusse an der Rue Jean Origer gespaart. Dëse Chantier huet och en Impakt op den ëffentlechen Transport, dat bei de Linnen 2, 4, 5, 9, 10, 13, 14, 18, 23 an 29.
Zwee Deeg virdrun, also an der Nuecht vum 29. op den 30. September, gëtt an der Avenue de la Liberté geschafft, dat tëscht der Rue Jean Origer an der Place de la gare. De Chantier geet e Freideg ëm 22 Auer un an dauert bis e Samschdeg de Moien um 5 Auer. D’Deviatioun leeft iwwert d’Rue Jean Origer, d’Rue de la Bonnevoie, d’Rocade de Bonnevoie an d’Pénétrante Sud.