De gréissten Auto Musée an Europa, an dat zu Mulhouse. D’Collection Schlumpf, dat sinn iwwer 400 Oldtimer aus verschiddenen Epochen, a ganz besonnesch rar Exemplaire vu Bugatti. De Christian Schmit war do op Besuch.
Jo esou eng Visitt am Musée Nationale de l’Automobile ass wierklech fantastesch an ofwiesslungsräich.
Do wonnert et een net, dass iwwer 200.000 Visiteuren all Joer do passéieren, verréit eis den Direkter Guillaume Gasser, dee sech Zäit fir eis geholl huet.
“Sur 7000m2 vous avez l’évolution de la voiture depuis la fin du 19e siècle jusqu’à dans les années 70, 80. Ensuite on a un espace thematisé sur les voitures de course avec énormement de Bugatti, Gordini, Maserati et Ferrari. mais aussi des voitures Formule 1 récent. Et l’espace prestige avec toutes les belles voitures des années trente avec Rolls Royce, Bugatti, Bentley et Hispano Suiza. Des marques parfois disparues mais formidables.”

Am historesche Gemaier vun enger aller Textilfabrick ass d’Collection Schlumpf, an tëscht patrimone automobile national, doheem. D’Gebridder Schlumpf haten e Faibel fir historesch Gefierer an hu scho fréi domat ugefaange rar Objeten en masse opzekafen. Zu engem Zäitpunkt, wou nach keen esou richteg wosst, dass di al Karosse kéinte wäertvoll ginn.
Besonneschen Highlight zu Mulhouse, natierlech Bugatti.
“Notamment les Bugatti Royale. On a deux sur le site des quelques rares exemplaires qui étaient produites. Aussi la voiture personelle d’Ettore Bugatti, le chef d’oeuvre d’Ettore Bugatti. Six mètres de long, 8 cylindres, déjà une vitesse de 200 km/h dans les années vingt, pour une voiture exceptionelle.”

An d’Wéi vun der Mark Bugatti ass jo och am Elsass. Zu Molsheim gi jo nach haut di aussergewéinlech Hyper Sportsween zesummegesat.
Bleift nach ze ernimmen, dass et och eng formidabel Kollektioun u Miniatur-Autoe fir Kanner ze bewonnere gëtt. Jo a fir „das Kind im Manne“ hu si och nach eppes Spezielles, Guillaume Gasser?
“Depuis quelques années on a notre autodrome ou le visiteur peut prendre le volant d’ine voiture de ses rêves. On a un prestateur qui met à disposition des voitures des années cinquante jusqu’ aujourd’hui, même une Bugatti Veyron.”
Do kann ee sech da fir e puer Ronnen en Dram erfëllen.
Eng Visitt am imposante Gemaier vum Musée Nationale de l’Automobile zu Mulhouse um Bord vun der Ill lount sech a mengen Aen op alle Fall. En Hommage un d’Gebridder Schlumpf an hir eenzegaarteg Kollektioun.
