Problem behuewenConnectiounsproblemer bei Elektroborne vum Chargy-Reseau

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Woche gouf et Problemer mat verschiddenen Elektrobornen. Am Chargy-Reseau koum et zu Konnektiounsschwieregkeeten.
© Luc Rollman / RTL Archive

Creos huet en Donneschdeg matgedeelt, datt de Problem elo behuewen ass.

D’Ekippe vu Chargy géingen den Ament och un alternative Léisunge schaffe mam Zil, d’Infrastruktur nach méi stabel ze maachen, fir datt esou eng Situatioun net méi virkënnt.

Creos entschëllegt sech bei den Utilisateuren.

Back to Top
CIM LOGO