
Den däitsche Konsumenteschutz geet juristesch géint den Autosconstructeur Tesla vir. Dat virop wéinst dem sougenannte Wächtermodus vun den Autoen. Domat iwwerwaachen déi geparkten Autoen hiert Environnement.
Allerdéngs kéint een dee System guer net notzen, ouni géint Dateschutzreegelen ze verstoussen, esou de Reproche vun den däitsche Verbraucherschützer.
Theoretesch bräichten d’Utilisateure vum Auto nämlech eng Autorisatioun vun all de Leit, déi laanscht de geparkten Auto ginn.