
Däitschland plangt, bis zum Stéchjoer 2030 eng 15 Millioune Verbrenner duerch vollelektresch Autoen ze ersetzen. Dat geet enger neier Etüd vum Wuppertal Institut, déi am Optrag vun der Ëmweltorganisatioun Greenpeace ausgeschafft gouf, no awer bei wäitem net duer, fir d’Klimaziler ze erreechen. Zousätzlech zu deene 15 Milliounen E-Autoe missten deemno nach 5 Millioune weider Autoe mat Verbrenn-Motoen duerch E-Mobilitéit ersat ginn.
Géing ee beim Zil vu 15 Millioune bleiwen, géingen d’CO2-Emissiounen net wéi virgesinn op 52 Milliounen Tonnen erofgoen, mee just op 64 Milliounen Tonnen. Greenpeace fuerdert dowéinst vun der däitscher Regierung, däitlech méi séier vun de Verbrenner op nohaltegen Transport ëmzeklammen.
Den Tobias Austrup, Verkéiersexpert vu Greenpeace, fuerdert doriwwer eraus weider Mesuren, wéi zum Beispill eng Steier bei der éischter Zouloossung vun CO2-intensiven Autoen an een Zouloossungsstopp bei Bensin- an Dieselautoe scho vun 2025 un. Och misst ee fir den Ausstouss vun CO2 méi bezuelen an Déngschtween misste méi streng besteiert ginn.