Äntwert op parlamentaresch FroD’Altersgrenz bei eenzele Kategorië vum Camionsfürerschäi soll ewechfalen

RTL Lëtzebuerg
Dat annoncéiert de Mobilitéitsminister François Bausch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Roy Reding.

Aktuell wier et esou, dass de Fürerschäi vun der Kategorie C vum 75. Liewensjoer un aus Grënn vun der allgemenger Verkéierssécherheet net méi verlängert gëtt.

Dat wéilt de grénge Minister awer bei der nächster Ännerung vum Code de la Route sträiche loossen, sou dass esou laang wéi de Gesondheetszoustand vun enger Persoun et erlaabt, d’Permise vun de Kategorien C an D kéinte verlängert ginn.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Roy Reding

Back to Top
CIM LOGO