59. EditiounDatumer fir den Autosfestival 2023 sti fest

RTL Lëtzebuerg
Den Autosfestival wäert och am Joer 2023 nees ofgehale ginn, dat vum 23. Januar bis de 4. Februar.
© ©Ildar Garifullin / Unsplash

Dat deelt d’Fédération des distributeurs automobiles et de la mobilité (FEDAMO) mat. An dësen Zäitraum fält och e verkafsoppene Sonndeg den 29. Januar.

Wärend 13 Deeg kënnen Autosbegeeschterter, déi ënnerschiddlech ausgestallt Modeller an de verschiddenste Garagen am Land bewonneren an testen. D’Organisateuren hoffen, doduerch den Undrang u Visiteuren iwwer 2 Wochen ze verdeelen an individuell Berodung ubidden ze kënnen.

Communiqué FEDAMO

Back to Top
CIM LOGO