Invité um Plateau op RTL Télé LëtzebuergDe Bilan vum Autosfestival mam Philippe Mersch

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem hu mer mam President vun der Fedamo iwwert d'Waardezäit vun der Liwwerung, d'Zukunft vun den Elektroautoen an de Leasing geschwat.
Interview Philippe Mersch
De President vun der Fedamo zitt en zefriddestellende Bilan vum Autosfestival. Kuckt awer och op d’Waardezäite vun Autoen a schwätzt iwwert den Elektroauto.

No 2 Woche koum de Weekend den Autofestival op en Enn. Wéi ee Bilan kann een zéien? Wou steet den Elektroauto an der Beléiftheet bei de Clienten? A wat ass d’Zukunft vum Garagist, elo wou d’Elektromobilitéit eng ëmmer méi grouss Roll spillt? Ënner anerem doriwwer huet RTL mam President vun der Garagistefederatioun Fedamo, dem Philippe Mersch, geschwat.

Fedamo: “Autosfestival ass éischten, wou d’Leit sech fir d’Elektromobilitéit interesséieren”

Um Autosfestival sinn dëst Joer manner Visitte gezielt gi wéi nach an der Zäit virun der Pandemie. Trotzdeem ass dem Lëtzebuerger d’Loscht op den Auto net vergaangen an d’Federatioun vun de Garagiste weist sech zefridden. Déi Clienten, déi komm sinn, wieren nämlech a gudder Kaf-Laun gewiescht, sou de Philippe Mersch. Ma net jidderee konnt de Kaddo, deen ee sech gemaach huet, direkt mat Heem huelen.

Bei verschiddene Marke ginn et Delaie vun engem Joer. Mee et sinn awer och vill Autoen aus dem Stock verkaaft ginn. D’Garagen hate schonn am Virfeld Autoe bestallt. Déi eng mussen also 2-3 Wochen op hiren Auto waarden, anerer awer vill méi laang.

Bei verschiddene Leit ass de Choix dëst Joer dann op en Elektroauto gefall. Wuel net ganz onerwaart constatéieren d’Garagisten en ëmmer méi groussen Interessi fir dës Form vun der Fortbeweegung.

Et ass deen éischte Festival, wou d’Leit sech ganz staark fir d’Elektromobilitéit interesséieren. D’Offer ass do. Et gëtt am Moment eng attraktiv Primm, fir en Elektroauto ze kafen. D’Autoe ginn ëmmer besser. Bensinner-Autoe sinn awer ëmmer nach déi, déi am meeschte verkaaft ginn.

An dat soll sech änneren. Dofir ginn d’Primme fir Elektroautoen elo nach eng Kéier verlängert, woubäi awer nach net kloer ass ënner wéi enge Konditiounen. Zum Bedauere vun der Fedamo setzt een awer wuel net méi op d’Bréckentechnologie vum Plug-in-Hybrid-Auto, fir deen d’Primmen auslafe gelooss ginn.

Mam Thema Elektroauto beschäftege sech awer net nëmmen ëmmer méi Clienten, mee och d’Garagiste musse sech ëmstellen, fir mam Trend matzegoen. De Service fir de Client soll den Tromp vum Garagist bleiwen, mengt de Philippe Mersch, ma Onsécherheet bleift hei.

An der nächster Direktiv, déi vun der EU wäert kommen, ass et wichteg ze wëssen, wiem d’Date gehéieren, déi aus engem Auto erauskommen. Als Concessionnaire ass et wichteg fir eis, datt mir déi Kontroll behalen, well mir hunn de Client jo vis-a-vis vun eis stoen.

D’Relatioun mam Client wier d’Haaptaktivitéit vum Garagist an ëm déi misst een an Zukunft kämpfen. Mat den Elektroautoe wier nämlech manner Maintenance noutwendeg an dofir géing dat Ganzt natierlech e bëssi méi komplizéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO