
Wéi déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes den Deputéierten erkläert huet, wäert d’Finalisatioun vum Boulevard Kockelscheier a vum Boulevard Raiffeisen 6,5 Milliounen Euro méi deier ginn, ewéi initial geplangt.
Dat géif der Ministesch no haaptsächlech un 3 Facteure leien: Dem Tram, dee misst an d’Stroossebild integréiert ginn, Zousaz Aarbechten, fir eng Vëlospist a weider Trottoiren ze bauen an der TVA, déi vu 15 nees op 17 Prozent geklommen ass.
Wéi de Projet viru 14 Joer gestëmmt gouf, waren insgesamt 73 Milliounen Euro ageplangt.