Spéider ass de Contournement 2,2 Kilometer laang. E verbënnt d'Uertschafte Reckeng an Dippech. Zil ass et d'Dräi-Kantonsstrooss zu Dippech z'entlaaschten. Wärend de Spëtzenzäiten ass d'Zuchbarrière hei 40 Minutte pro Stonn erof. Eng 8.000 Autoe passéieren dësen Tracé pro Dag.
De ganze Projet kascht ronn 30 Milliounen Euro. Am Hierscht 2025 soll de Contournement Dippech Gare fir den Trafic opgoen