Viraarbechten hunn ugefaangenDe Contournement Dippech-Gare steet an de Startlächer

Christophe Hochard
Wien dëser Deeg tëscht den Uertschaften Dippech-Gare a Reckeng un der Mess ënnerwee ass, gesäit, datt sech laanscht Streck eppes deet.
© Christophe Hochard / RTL

Zanter e puer Woche gesäit ee schwéier Maschinne laanscht d’Strooss schaffen. Et sinn dëst Preparatiounsaarbechte fir den neie Contournement. Beem, Hecken an anert Gesträich ginn um zukünftegen Tracé vun der Ëmgeeungsstrooss ewechgeholl. Wéinst dësen Aarbechten ass d’Bettenger Strooss Richtung Dippech a béid Direktiounen och aktuell fir den Trafic gespaart. E gutt Bild vun dësen Aarbechte kann ee sech och an der Rue de Russange maachen. Hei lafen Terrassementsaarbechten.

De “klenge Contournement”, wei d’Ëmgeeungsstrooss genannt gëtt, huet e laange Baart. Fir d’éischt huet e Stéck Terrain vu 44 Ar gefeelt, duerno huet eng Ëmweltetude d’Baggeren um Schaffe gehënnert. De Contournement verleeft spéider ënnert enger Eisebunnsbréck erduerch. 2 Kilometer laang gëtt des nei Strooss. 2 1/2 Joer daueren d’Bauaarbechten.

Wann de Contournement Dippech Gare dann emol fir den Trafic op ass, gëtt aus der 3 Kantonsstrooss eng Sakgaass. D’Barrière, déi den Ament wärend e Spëtzestonnen iwwer 40 Minutten an der Stonn erof ass, gehéiert dann der Vergaangenheet un. Virun allem d’Awunner aus der 3 Kantonsstrooss zu Dippech Gare kréien doduerch en Deel vun hirer Liewensqualitéit zréck.

De Contournement vun Dippech Gare. Zanter méi wéi 15 Joer gëtt iwwer dëse fir d’Gemeng Dippech an hir Nopeschuertschafte wichtege Projet geschwat an dru geplangt.

Esou wäert de Contournement spéider ausgesinn

Hei dat offiziellt Schreiwes

Suppression du passage à niveau 5 (PN5) à Dippach-Gare et construction de son contournement: début des travaux de construction (07.03.2023)

Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics / Administration des douanes et accises

Dans le cadre du projet relatif à la suppression du passage à niveau PN5 à Dippach-Gare et à la construction de son contournement, les travaux de préparation ont débuté le 20 février 2023 et viennent d’être achevés. Les travaux de construction proprement dits démarreront mardi, le 7 mars 2023.

La route de contournement d’une longueur de 2,2 km, dont une tranchée couverte d’une longueur de 125 m, un passage supérieur agricole, deux carrefours à sens giratoire, un carrefour, une passerelle pour la mobilité douce, la construction de pistes cyclables et le rétablissement de voies agricoles constituent les principaux éléments de ces travaux.

Le contournement de Dippach-Gare s’inscrit dans le cadre du projet de mise à deux voies de la ligne de chemin de fer Pétange-Luxembourg (travaux réalisés dans la période de 2004-2012) et a pour objectif de supprimer le passage à niveau PN5 sur la route N13. À noter que plus de 8.000 véhicules traversent ce passage à niveau chaque jour.
Ce nouveau projet va considérablement remédier à la situation compliquée et désagréable, autant pour les usagers de la route que pour les habitants de Dippach. Les principaux objectifs consistent à réduire au maximum les dangers liés au croisement entre le trafic routier et ferroviaire et à améliorer les flux de circulation ainsi que la qualité de vie des riverains.

La durée des travaux est estimée à deux ans et demi. Durant le chantier, le CR103 entre Bettange-sur-Mess et Dippach sera barré.

Il s’agit d’un projet commun de l’Administration des ponts et chaussées et la Société nationale des chemins de fer luxembourgeois. Les coûts totaux s’élèvent à 29,8 millions d’euros.

Back to Top
CIM LOGO