Zu BäreldengDe fixe Radar am Agang vum Duerf geet de 14. Juni a seng Testphas

RTL Lëtzebuerg
De Radar steet um Ufank, respektiv um Enn vum Bärelerbierg, deemno vu wou ee kënnt. Hei ass Tempo 50 erlaabt.

A béid Richtunge gëtt d’Vitess kontrolléiert.

Eng Toleranz vu 3 km/h (ënner 100 km/h Vitess) gëtt applizéiert, respektiv 3% Toleranz wann een iwwer 100 Stonnekilometer um Tacho hat.

Wéi laang d’Testphas wäert daueren, ass am Communiqué net definéiert. Aktuell kascht et deemno nach näischt, wann ee geblëtzt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO