No Renovatiounsaarbechten nach zou fir PublicDe Parking Saint Esprit huet keng Gerance, Ausschreiwung gouf lancéiert

Roy Grotz
D'Renovatiounsaarbechten um Parking ënnert der Cité Judiciaire sinn ofgeschloss, trotzdeem ass dësen net fir de Public op.

E Grond dofir ass ënner anerem, datt et nach keen Gerant fir dësen ënnerierdesche Parking gëtt. Dat confirméiert den zoustännege Minister François Bausch a seet, datt d’Soumissiounsprozedur eréischt virun zwou Woche lancéiert gouf. Deemno soll am September, fir d’Rentrée, den neie Gerant vum Parking designéiert ginn.

Zanter Oktober 2020 ass de Parking jo komplett zou fir de Public. D’Aarbechte sinn zanter Abrëll dëst Joer fäerdeg, ma de Parking ass weiderhi just de Mataarbechter vun de Staatsservicer virbehalen. Hei läit de Grond allerdéngs net doran, dass et kee Gerant gëtt, ma well de Parking Clairefontaine zou ass. Och hei gëtt zanter Mee d’lescht Joer geschafft.

De Minister Bausch hat an engem Interview virun engem Mount gesot, dass dës Aarbechte bis dëse Summer misste fäerdeg sinn an déi betraffe Verwaltungen nees op hire Parking kënnen zeréckgräifen. Deen Ament misst de Parking Saint Esprit och nees fir de Public opgoen. An deem Interview hat de Minister och confirméiert, dass d’Exploitatioun vum Parking schwiereg wier. D’Decisioun fir den Zouschlag léich allerdéngs beim Finanzministère.
D’Froen iwwert d’Gerance vum Parking ënnert dem Helleg-Geescht-Plateau haten d’DP Deputéiert Hartmann a Lamberty gestallt.

Back to Top
CIM LOGO