Tëscht Nanzeg a LëtzebuergDe Projet vun enger séierer Zuchverbindung gëtt ëmmer méi konkret

RTL Lëtzebuerg
Am Februar hat déi franséisch Regierung annoncéiert, 100 Milliarden € an den Ausbau vum Schinnentransport ze investéieren.

Mat Hëllef vun dëse Sue sollen eng Dose franséisch Metropolen e Schinnentransport, wéi et en am Groussraum Paräis gëtt, kréien.

Ma wann et nom Buergermeeschter vun Nanzeg Mathieu Klein geet, soll en Deel vun dëse Suen an d’Konstruktioun vun enger séierer Zuchstreck tëscht Nanzeg an dem Grand-Duché fléissen. Well déi Lëtzebuerger Ekonomie zu engem Deel vun der Aarbecht vun de Frontalieren ofhänkt, wier dat och am Interêt vu Lëtzebuerg.

Weider Informatioune fannt Dir bei de Kolleege vun RTL 5minutes.

Back to Top
CIM LOGO