Änlech wéi um IergäertchenDe Rond-point Diddeleng-Biereng kritt Rout Luuchten

Christophe Hochard
Dausenden Autoe fueren dagdeeglech duerch de Rond-point beim Staatslabo virun der Entrée vun Diddeleng.
Änlech wéi um Iergäertchen
De Rond-point Diddeleng-Biereng kritt rout Luuchten.

Fir de Verkéier besser ze reegelen, wäert de Kreesverkéier deemnächst mat Roude Luuchte gereegelt ginn. D’Virbereedungen heifir goufe scho viru Jore beim Bau getraff.

Sinn d’Luuchte beim Kreesverkéier bis installéiert, funktionéiert dësen ewéi de Rond-point am Iergäertchen.

Zu de Spëtzestonne moies fueren eng 2.500 Autoen derduerch. Owes sinn et 3.000 Ween, déi sech de Wee duerch dëse Kreesverkéier zu Diddeleng sichen.

Back to Top
CIM LOGO