Gespréich mat engem ConcernéiertenDécke Retard bei Primme fir Elektrovëloen

Marc Hoscheid
Bis zu 600 Euro Primm vum Staat huet ee jo zegutt, wann ee sech e Vëlo oder en E-bike keeft.
Décke Retard bei Primme fir Elektrovëloen
Bis zu 600 Euro Primm vum Staat huet ee jo zegutt, wann ee sech e Vëlo oder en E-bike keeft.

Bis zu 600 Euro Primm vum Staat huet ee jo zegutt, wann ee sech e Vëlo oder en E-bike keeft. Séier rechne mat deene Sue sollt een awer net. D’Delaie leien an der Tëscht bei iwwer engem Joer. De Marc Hoscheid huet mat engem Concernéierte geschwat. D’Ëmweltverwaltung gëtt hirersäits Problemer zou, huet awer och gutt Nouvellen.

Am Fong ass de Serge Hoffmann iwwerzeegt vun der Elektromobilitéit. Dowéinst huet hie sech 2020 een Elektrovëlo kaaft, dräi Méint méi spéit krut hie seng Primm iwwerwisen. Am Abrëll 2021 wollt seng Liewenspartnerin nozéien. Well hie schonn Erfarung mam Erareeche vun esou Demanden hat, huet de Serge Hoffmann dëst fir seng Partnerin iwwerholl; den Ufank vun enger längerer Affär.

“Mir hunn een Dossier eragereecht, dat eenzegt, wat mer du nach kruten, war zwou-dräi Wochen dono eng Bestätegung, datt d’Demande do ass. Zanterhier waarden ech. Ufanks Juli krut ech gesot, datt den Dossier fäerdeg wier, awer leider wéisste si net, wéini den Ziedel erausgeet oder d’Primm bezuelt gëtt, dat kéinte si net soen.”

Fir de Serge Hoffmann ass et net novollzéibar, datt de Staat trotz esou engem grousse Retard eng accordéiert Primm net direkt ausbezilt. Op d’mannst de Bréif mat der Confirmatioun hätt hie sech erwaart, well dësen eng Viraussetzung fir Primme vun der Gemeng, a sengem Fall 300 Euro vun der Gemeng Schieren, ass.

“Dat hänkt vu Gemeng zu Gemeng of. Ech weess vu Gemengen, déi ginn 200 Euro, anerer soe 50 Prozent vun deem, wat de Staat gëtt. De Staat huet d’Primm jo lo vu 400 op 600 Euro gehéicht, dat wären also bis zu 300 Euro, déi ee jee no Gemeng kéint bäikréien.”

Bei der zoustänneger Ëmweltverwaltung gëtt een zou, datt d’Situatioun vum Serge Hoffmann keen Eenzelfall ass. Grad ee Bierg un Demanden am Fréijoer 2021 hätt derzou gefouert, datt d’Primm fir Elektrovëloe a gewësser Weis d’Affer vun hirem eegene Succès ginn ass.

David Glod, Directeur adjoint Ëmweltverwaltung:

“Virdru sinn an deem Service e puer Honnert bis maximal Dausend Demandë pro Mount erakomm. An de Spëtzenzäite waren et awer 5.000 bis 6.000 Demande pro Mount. Dat ass sou ee Bierg un Demandë gewiescht, datt sech eng Zort Réckstau gebilt huet.

Dës Situatioun wier och fir d’Verwaltung net zefriddestellend, dowéinst hätt een d’Personal an deem Service opgestockt an op extern Hëllef zeréckgegraff. Bei den Elektroautoe gesäit d’Situatioun par konter besser aus.

“Bei den Elektroautoen ass eisen internen Delai ee Mount, dat heescht, wann der eng Demande maacht, ass no engem Mount eng Äntwert do. Bei den Autoen ass et de Moment éischter de Problem, un den Auto ze kommen.”

De Serge Hoffmann huet iwwregens rezent een Elektroauto bestallt. Bleift ze hoffen, datt hien net esou laang op säin Auto wéi op d’Primm fir säi Vëlo waarde muss.

Back to Top
CIM LOGO