
Et ginn also zwou komplett Wochen Autofestival, wärend deenen d’Leit sech an de Garagen uechter d’Land déi neiste Modeller kënnen ukucken a sech berode loosse kënnen.
Och den Datum vum AutoOccasiounsFestival gouf festgeluecht a geet vum 3. bis de 15. Juni 2024.
Déi Informatiounen huet d’FEDAMO um Freideg de Moie matgedeelt.